KADDOEN
Mir erwaarde keng Kaddoe vun Iech! Mir wëssen et ass net gënschteg an einfach op Figeac ze kommen.
Et kléngt kitscheg mee et beschreift genau wat mir eis wënschen :
Är Presenz - Mir wëllen einfach e schéinen Dag mat eise beschte Kolleegen an eiser Famill verbréngen
ADULTS ONLY
Och wa mir Är Butze ganz déif an eist Häerz geschloss hunn, ass dëst Event no viller Iwwerleeung leider keng Plaz fir Kanner.
Onmëttelbar bei all de Festivitéite, si vill Trapen aus Steen, eng ongeséchert oppe Schwämm ouni Oppassert, déif Lächer, de Bësch, e Parking, eng Strooss a vill weider Plaze wou eis Kleng sech vill wéi doe kënnen.
Weder mir nach d'Location wëllen datt eppes passéiert a kommen net fir Accidenter an dësem Kader op.
Et ass och keng Nanny oder eng Plaz virgesinn, wou déi kleng Däbbesse kënne schlofen oder entertaint ginn.
Donieft sinn och keng Kannerbetter oder Kannerstill am Schlass.
Virun allem wëlle mir e Maximum vun Iech profitéieren an um Owend déck an haart ROCKEN.
Mir wëssen dëst ass sécherlech net fir jiddwereen einfach mee mir bieden em Äert Versteesdemech
METEO
D'Duerchschnëttstemperatur zu Figeac op engem typeschen Dag am August läit tëscht engem Maximum vu 27°C an engem Minimum vu 14°C.
Den August ass de wäermste Mount vum Joer.
LOCATION
Gefeiert gëtt am Schlass Saint Dau zu Figeac.
Mir wëllen eis am Süden trauen, well mir mat Iech bei schéinem Wieder, dezente Liichterketten, vill Musek an agreabelen Temperature wollte feieren.
Wann et sollt reenen hu mir awer e flotte Plang B.
Hei d'Plaz wou mir eis virstelle mat Iech ze feieren.
Bréngt also wegl eng Schwammbox an en Duch mat, well eventuell gëtt deen een oder anere gezappt